LASEL Spuerkeescross - 18.10.2018
![]() |
Och dëst Joër ware mir nees um traditionnellen "Axxess - Spuerkeescross" am Bambësch um Start. Bei perfekten Wiederkonditiounen hunn eis Schüler an hiren respektiven Coursen alles ginn, woubai besonnesch d'Fiona Schumacher mat enger Podiumsplaatz erausgestach huet. Gratulatioun! Wanns du och eng Kéier op eng LASEL-Aktivitéit matkommen wells, dann kuck vun Zait zu Zait den Aushang virum Sportsproffebureau; et ginn vill polysportiv Aktivitéiten souwuel fir Veräins- wei och Hobbysportler ugebueden, soudass fier jiddereen eppes dobai ass. Zousätzlech kanns du mat all Sortie 5 Punkten fier den schoulinternen LASEL-Ranking sammelen. Net vergiessen: Déi 20 eischt am Ranking hunn um Enn vum Schouljoër d'Meiglechkeet op en flotten Sportsausfluch (LN-Trophy) matzekommen! |









