Conférence de Bob Schroeder - 29.03.2019
Plus de photosZeréck am LN fir de Cinquantenaire Den 29. Mäerz war de Bob Schroeder, e fréiere Schüler aus dem Wëlzer Lycée (Promotioun 2003), op Besuch am LN, fir eng Konferenz iwwer seng Studien a Recherchen an der Chimie vun de Polymeren ze halen ... |
![]() |
... Fir d’éischt huet hien en Abléck a säi spannende Parcours ginn, deen hien op Bréissel, London, an Amerika an nees zeréck op London geféiert huet. Dunn ass et awer ëm d’Polymere gaangen, déi ënner gewëssene Konditioune kënne Stroum leeden. Dëst erméiglecht ganz nei a spezifesch Uwendungen. Et ergi sech zum Beispill nei Méiglechkeeten an der Photovoltaik, duerch flexibel Solarzellen oder och nach organesch Sensoren, déi bestëmmte Parameteren am Kierper kéinte moossen, ouni datt de Patient do misst Apparature mat sech droen. Doriwwer eraus sinn och am Beräich vun de Prothese grouss Fortschrëtter méiglech. Am Moment leet de Bob Schroeder e Labo am „University College London“ a lieft och mat senger Famill zu London. No der Konferenz ass et e Patt zum Beschte ginn, bei deem sech eng ganz Rëtsch „Ancienen“ aus dem Lycée du Nord konnten erëmgesinn a mateneen iwwer déi al Zäite poteren. Dëst war eng éischt Konferenz am Kader vun de Festivitéite vum 50. Gebuertsdag vum Lycée du Nord. De 27. Juni kënnt dann d‘Catherine Scheer eng Konferenz am Beräich vun der Ethnologie am südostasiatesche Raum halen. Eng gréisser Gebuertsdagsfeier vum Lycée ass fir de 15. Juni virgesinn.
|