Inscription 2022/2023
Les modalités et les documents concernant l'inscription 2022/2023 sont maintenant en ligne. |
Les modalités et les documents concernant l'inscription 2022/2023 sont maintenant en ligne. |
Les inscriptions au BTS 'Commerce en alternance' se font jusqu'au 30 juin 2022 au plus tard. Veuillez cliquer ici pour voir le détail de la procédure d’inscription |
|
Le formulaire pour la demande d'admission en 1ère année DAP AV - Formation 'Auxiliaire de vie' est maintenant disponible. La demande d'admission ainsi que les documents y relatifs doivent être retournés pour le 01 juillet 2022 au plus tard. |
Plus de photosDe Méinden 27. Juni kruten 14 Jongen a Meedercher aus der DIMAS Klasse vun 2019 hiren Diplom a Präsens vum Jos Schockmel, Instrukter bei der LFTA, an dem Andrea Gerling, Sekretärin LFTA souwi dem Charel Zoenen aus der Direktioun vum LN iwwerreecht. Den "Diplôme d’Initiation aux Métiers de l’Aéronautique et du Spatial” ass een Projet, deen aus theoretesche Couren iwwert verschidde Beräicher aus der Aviatioun besteet, mee wou och Visitten vun interessanten Institutiounen sinn, di an der Fligerei oder der Raumfaart spezialiséiert sinn, wéi zb Cargolux, SES oder d’Air Rescue. COVID bedéngt konnten des Ausflich awer net stattfannen, mee trotzdeem woren eis Jongen a Meedercher ëmmer present bei de Couren, an hunn hiren Examen och ganz gutt ofgeschloss. Eng Fluchstonn am Motorfliger wor dann den Highlight, ob deen si sech all konnten freeën. Normalerweis wieren d’Diplomer ob enger grousser Feier iwwerreecht ginn, mee des hot och mussen annuléiert ginn, esou dass mer lo endlech des Remise nogeholl hunn. Bei engem klengen Patt goufen nach flott Erënnerungen ausgetosch an och e bëssen iwwert Mecanique générale diskutéiert! Di ganz Klasse hott och nach hire Proffen, dem Claude Wolter an dem Arnold Weber, di hinnen mat voller Begeeschterung de Cours gehalen hunn, Merci gesot. Am neien Schouljoer 2022-23 wäert den LN och rëm bei dësem Projet matmaachen. |
|
Den 20. Mee goufen eis Gewënner vum LN Virliesconcours 2022 an der Bibliothéik vum Lycée geéiert. D'Madame Véronique Kinnen huet hinnen hire Präis iwwerreecht fir hir flott an originel Interpretatiounen vun Ausschnëtter aus hire Liebligsbicher. Dorënner : Félicitatiounen un eis Gewënner! |
|
Plus de photosDëse Freideg war de Chamberdeputéierten André Bauler am Lycée du Nord, fir an enger Table ronde iwwer zwee wichteg Sujeten aus der Aktualitéit ze schwätzen : den Ukrainkrich an den Ausgang aus der Coronakris. Befrot vun enger Delegatioun vun eisen "Junior Ambassadors" vum "European Parliament Ambassador School Program", huet den Här Bauler de Schüler seng Point de Vuen kënnen erklären iwwer d'Zesummenhäng a méiglech Konsequenzen vun den aktuellen Problemer. |
|
Plus de photos2TPCM huet den 17.06 um Rallye Citoyen deelgeholl, deen vum Jugendrot an derStad gouf. Et war engflott Experienz an eng Chance mäi iwwert Thema vun der Inclusioun kennen ze leieren. Eng vun deenen zwou Equipe aus dem Weltzer Lycée huet sech déi 2. Platz geséchert. Si haten Equipe gemaach mat Schüler aus dem Lycée Hubert Clement. |
|
Plus de photosDe 24. Juni hunn sech d'Klasse 7G3, 7G5, 5G2, 5G4 an NU op de Wee op Köln gemaach, fir dës schéi Stad ze entdecken. No enger entspaanter Busrees hunn déi eng sech op de Wee an de Schockelasmusée gemaach, fir dee gudde Schockela ze schmaachen. Eng Grupp konnt sech am Sport- an Olympiamusée iwwert d'Olympesch Spiller informéieren an sech och selwer sportlech betätegen. Eng lescht Grupp huet sech een Iwwerbléck iwwer Köln wärend enger Schëfffaart um Rhäin verschaaft. Nodeems d'Schüler (an d'Proffen) sech gestäerkt haten, hunn d'Schüler a Gruppen ee Rallye duerch Köln gemaach, wou si nach flott Ecker vun der Stad entdeckt hunn. An deen een oder anere konnt och ee kuerze Bléck a säi Liblingsgeschäft werfen. No dësem flotten Openthalt, dee leider vill ze séier eriwwer war, hunn d'Klassen sech erëm op de Wee op Wooltz gemaach. Bye, bye Kölle - auf bald! |
|
La classe de 3GCM s'est rendue dans le cadre de leur cours de droit à la Cité Judiciaire de Luxembourg le vendredi 17 juin. Les élèves ont assisté à un procès, dans lequel un individu a été accusé du délit d'homicide involontaire dans le cadre d'un accident de la route avec un piéton. |
|
Plus de photosVoir la vidéo sur youtubeLe 15 juin 2022, une délégation du Lycée du Nord s’est rendue au Schumannseck pour participer à l’inauguration du réaménagement du sentier du site mémorial. Les 5 élèves de la classe 2BCDG - Selma Aganovic, Emilie Bissener, Philippe de Roy, Mélanie Neser et Gina Wio, ont réussi à faire entendre leur voix et à captiver l’attention du public avec leur discours émouvant. Les élèves ont formulé des doléances précises : l’intégration de l’histoire locale dans le programme officiel d’histoire et la responsabilité des jeunes dans la transmission du patrimoine aux générations futures. Le franc-parler des élèves du LN a été salué par les femmes et hommes politiques présentes, notamment les ministres Lex Delles et Claude Thurmes ainsi que la députée Martine Hansen. |
|