LASEL Futsal Championnat zu Dikrech - 07.06.2018
![]() |
De 7. Juni 2018 hunn d'Minimes (Joërgäng 2004/2005) aus dem LN beim LASEL Futsal Championnat zu Dikrech matgespillt. Trotz gudden Aktiounen an engem staarke Kampfgeescht ass et um Enn leider net duergaang fir sech géint d'Konkurrenz duerchzesetzen. Eis Géigner waren eis virun allem physesch iwerleen an sinn méi robust an d'Zweekämpf gaang. Mat eiser jonker Equipe konnte mir net iwwer de ganze Match mathalen ... |








