60

Stage écologique à Pula - 2/3eBC - 18.04.-24.04.2022

Plus de photos

Traditionell wéi (bal) all Joer sen d’2BC an 3BC op e Stage écologique gefuer fir de Sujet vun der Ecologie ganz praktesch um Terrain ze behandelen. Dëst Joer ass et ewer nik traditionell op Texel gaangen mä mol enker an de Süden, an zwar a Kroatien, méi genau op Pula, déi südlechst Spëtzt vun Istrien. All Dag hu mir eis, no engem klengen theoreteschen Deel, an dat eiskaalt Waasser getraut fir de Liewensraum Mier ze erfuerschen. Matt 2 Neoprenkostümer, Mask a Schnorchel ausgestatt hu mir Séispannen, Kriibsen, Meergurken, Séistären a Krevetten gefongen. Mir hunn Déieren erbléckst vun deene mir mol nik wossten datt et Déiere wieren! Eis immens motivéiert Enseignanten aus der Meeresschule Pula hunn eis vill Informatiounen zu de Liewewiesen aus dem Mier gi sou datt och mir lo well kleng Experten sënn.
Op alle Fall wäerten der eng Rei von eis de Schnorchel fir déi nächst Vakanz apaken!

START 2022 04 18 24 Stage ecologique 300x200

 

Galileo Science Mobil am LN - 25.04.-11.05.2022

Plus de photos

De Galileo Science Mobil vum Naturmusée war erëm am LN. Eng ganz Rei Klassen vu 7e-5e hunn a verschiddenen ganz anschaulechen Aktivitéiten Äntwerten op Froen wéi
• Firwat gesi mir all anescht aus?
• Firwat ginn et esou vill verschidde Liewewiesen op der Äerd?
• Kënnen 2 Liewewiese sech gläichen ouni direkt matenee Famill ze sinn?
• Wéi huet de Virfar vun alle Véierbeener ausgesinn?
krit an domadder en Abléck an d’Vilfalt vun de Liewewiesen an an d’Evolutioun.

START 2022 04 25 Science Mobil 300x200

 

TODAY‘S SPORTS SPIRIT - Projet 1TPCM - 03.03.2022

De Video kucken

1TPCM huet mat hierem Projet „TODAY‘S SPORTS SPIRIT“ vill Kanner motiveiert fir Sport ze maachen.

Den 3. März 2022 guffen d‘Kanner vum Cycle 4 vu Woltz an d’7e Schüler vum LN an d‘Sportshaal vum LNW agelueden fir verschidden Sportarten vun verschiddenen Sportverainer virgestallt ze kreien an bei hieren Trainingsroutinen fir 30min pro Grupp deelzehuelen.

START 2022 03 03 300x200

 

D’Erfollegsgeschicht vun BE(E) HONEY - 04.2022

 
D’Erfollegsgeschicht vun BE(E) HONEY geet virun…

Och dëst Joer huet 2TPCM am Dezember vill Praisser gewonnen mat hirer Entreprise d’Entrainement . Déi Praisser sinn dann elo och béi hinnen ukommen.

Den ganzen LN ass ganz houfreg ob si. Fuert esou virun!

START 2022 04 29 BeeHoney 300x200

 

Sportausfluch zu Leltz - 3es - 26. an 28.04.2022

Plus de photos

Den Sportausfluch vun den 3èmes-Klassen op Leltz, op d’Base nautique, huet dëst Schouljoer den 26. an den 28. Abrëll stattfonnt.

D‘Schüler konnten tëschent enger Rei vun flotten Sportaktivitéiten wielen. Um Waasser gouf Kajak, Stand-Up-Paddling an mam Kanadier fueren ugebueden. Am Bësch stoung Geocaching an Mountainbike um Programm.

Um Enn vun dësem Dag an der Natur hat all Schüler zwou vun den opgezielten Sportaktivitéiten kennegeléiert an konnt sech mat senger Klass iwwert dëst sportlecht Erliefnis austauschen.

START 2022 03 26 28 Ausfluch 3es Leltz

 

Économie circulaire - Ausfluch 4C2 - 03.01.2022

Plus de photos

Fir eng eenzeg Jeans hier ze stellen, ginn zwëschen 3000-10000 L Waasser verbrauch, vum CO2 Verbrauch guer net ze schwätzen. Wéi kann een eng Jeans méi öko-responsabel produzéieren an dono weiderverwäerten?

Äis 4C2 huet Léisungen fonnt!

START 2022 01 03 Ausfluch 4C2 300x200

 

Économie circulaire - Ausfluch 6G2 - 03.12.2021

Plus de photos

14.02.2022 : Overshoot Day in Luxemburg

D’Schüler vun der 6G2 hunn net schlecht gestaunt, dass Lëtzebuerg deen 2. gréissten Konsument vun der Äerd ass.

An 10.000 L Waasser fir just 1 Jeans hierzestellen! Wien hätt dat geduecht? Ganz kreativ hunn d’Schüler Léisungen gesicht fir eng Jeans mat manner Ressourcen hierzestellen.

START 2021 12 03 Ausfluch 6G2 300x200

 

Zesumme géint d'Ongerechtegkeet - Ve 04.03.2022

Plus de photos et de vidéos

De Flyer am pdf-Format kucken / Voir le flyer au format pdf

Ensemble contre l’injustice

Nachdem Russland in der vergangenen Woche einen Krieg gegen die Ukraine begonnen hat, ist die Welt wieder einmal aus den Fugen geraten. Die Ereignisse haben auch die Schüler des Lycée du Nord nicht kaltgelassen und in kürzester Zeit hat die Schülervertretung die Aktion «Ensemble contre l’injustice» organisiert, um die Solidarität des Lycée du Nord mit allen Betroffenen des Russland-Ukraine-Kriegs zu zeigen. Am Freitagmorgen versammelten sich viele Schüler, Lehrer und weitere Mitglieder der Schulgemeinschaft, die meisten in Blau-Gelb gekleidet, im Schulhof, um ihre Solidarität zu bekunden ...

START 2022 03 04 V3 Manif Antiguerre 300x200

 

LN @ Journée nationale de la Résistance - 27.02.2022

Plus de photos

Le Lycée du Nord, détenteur du prix « Oppenheimer » pour son engagement dans le domaine du travail de mémoire, a participé activement à la journée nationale de la Résistance. Inspirés par l’œuvre « Indignez-vous » de Stéphane Hessel, les cinq élèves de 2e du LN ont tenu un discours poignant sur la résistance contre toute forme d’oppression.

Dans leur allocution devant la Croix de Hinzert au cimetière Notre-Dame au Limpertsberg, les élèves ont rappelé l’attitude héroïque de la ville martyre de Wiltz contre l’occupant nazi et ils ont surtout insisté sur le rôle primordial des jeunes en tant que passeurs de mémoire.

START 2022 02 27 Journee Resistance 300x200

 

#BeCoolDonateYourClothes! - Du 28.02. au 04.03.2022

Am Kader vun der Aktioun #becooldonateyourclothes huet den LN fläisseg Kleeder gesammelt.

D'Këschten si struwwelvoll!

Bravo fir är Solidaritéit!

De Flyer am pdf-Format kucken

START 2022 02 28 Donate Clothes V2 300x200