Ee grousse Merci jidderengem dee gehollef hot am LN Sport Challenge Minutten an Kilometeren ze sammelen. Mir hon déi lest Wochen probéiert duerch desen Challenge d’Beweegung zu engem Deel vun aerem Alldaag ze maachen. Et hon insgesamt 42 Klassen matgemaach. Leider ass d’Unzoal vun de Klassen vun Woch zu Woch méi kleng gin. (41, 36, 34, 28, 25) Zoal vun den Kilometeren pro Woch ass ewer ähnlich bliwwen. Mir hon een Total vun 17.276,60 Km erreecht, daat ass méi wäit wéi vun Wolz bis op Sydney (Australien). Iwwert déi 5 Wochen war 2BC déi Klass, déi am meesten aktiv war (2174,45km). Direkt hannendrun keent d’4C1 (2015,79km), a mat ronn 800km manner ass d‘3BC op der 3. Plaaz (1204,16km). Et ass eis wichtig, datt dir och weiderhin a Beweegung bleiwt, an erkennt, datt eise Kärper ouni Beweegung nik ka fonktionnéieren!
Zu den Resultater vum LN Sport Challenge
|

|