De Kleeschen wor am LN - 03.12.2021
Plus de photosWat fir eng flott Traditioun säit Joerzéngten am Lycée du Nord: No engem Joer Paus – wéint dem Corona – hunn d'Schüler vun den Ofschlossklasse rem Kleeschen gespillt. An der Moiespaus gouf de Kleesche mat senge Gesellen (Houseker, Rendéieren, Engelen ...) ganz kuerz an der Proffekonferenz gesinn. Déi eng Proffen si vu den Engelcher mat Kamelle verwinnt ginn, déi aner kruten eng Rutt vum Houseker. Mëttes ass de Kleeschen am Forum opgetaucht fir mat de Schüler Chrëschtlidder ze sangen an och hei si Séissegkeeten un déi brav Schüler verdeelt ginn. Ofschléissend hat de Kleeschen e puer Spiller mat der Direktioun an de Proffen um Programm. Ervirzehiewe waren och erëm dëst Joer déi originell Litaneie vun de Schüler un d'Adress vun hire Proffen. |
|