Regatta - Du 30.08. au 08.09.2020
Plus de photosFir zweet war den LN bei der “Regatta.lu Sailing Schools” vertrueden. Hat d’läscht Joer eist Boot eng 1. Plaatz gemaach, sou ware mir dëst Joer mat zwou Yachten mat dobäi. Plaatz 4 a 5 hu mir mat eisen coolen Skipperen erreecht. Daat ganz war, COVID-bedëngt, an d’Grouss Vakanz verluecht gin, vum 30. August bis de 5. September. Mam Bus ass et bis an d’Bretagne gaangen, op Port-Haliguen. Während dem Dag si mir “Manchen” gesegelt, also Coursen. Owes hu mir op dem Boot gees an dono haate mir Freizäit a konnten eis mat deenen aaneren Booter treffen. D’Géigend wou mir regattéiert sin, Belle-Île en-Mer huet säi Numm nët fir näicht! Fazit: Et war wirlëch cool an définitiv eng Erfahrung wärt. D’nächst Joer si mir erëm mat dobäi! |
|